shutterstock_1109723711_LR.jpg

Der beste Tag deines Lebens ist der, an dem du entscheidest, dass dein Leben dein eigenes ist.

Bob Moawad

Vertrauensvoll Gespréicher an absolutter Diskretioun an géigesäitegem Respekt

 

Woubéi kann Coaching Iech ënnerstëtzen?

Jidderee vun eis ass schonn a Konfliktsituatiounen gewiecht déi méi oder manner schwiereg sinn. Dat kënne Konflikter am Ëmfeld oder awer och ënnerlech Konflikter sinn, déi rezent opgetrueden sinn oder sech zënter Joren widderhuelen an Dir mierkt, Dir kommt do net raus.

Coaching kann Iech ënnerstëtzen an deenen verschiddensten Konfliktsituatiounen erauszefannen wat Dir braucht, fir kënnen weider ze goen:

  • Hutt Dir Schwieregkeeten Decisiounen ze huelen?

  • Wëll Dir Iech ëmorientéieren a stellt Är Liewenssituatioun a Fro?

  • Dir wëllt nei Zieler am Liewen fannen oder Iech berufflech oder privat weiderentwéckelen?

  • Konflikter tëscht Iech an enger anerer Persoun belaaschten Iech?

  • Dir hutt d’Gefill Dir hutt Iech selwer verluer an sidd net erfëllt am Liewen?

  • Iech feelt et u Motivatioun fir Projéeën duerchzezéien?

  • D’Spannungsfeld tëscht Famill a Beruff belaascht Iech?

  • Dir kënnt mat Konfliktsituatiounen net gutt ëmgoen an déi Situatiounen belaaschten Iech?

  • Dir hutt d’Gefill de Spillball vun anere Leit ze sinn?

  • Dir hutt ze vill Stress a sidd oft gereizt (Burnout-Präventioun)?

  • Wëll Dir Iech besser organiséieren fir den Alldag besser meeschteren ze kënnen?

  • Dir wësst, do stiecht méi an Iech, mä Dir hutt keen Zougang zu Ären Ressourcen/Kompetenzen/Talenter?

  • Hutt Dir d’Gefill Dir stiecht an Ärem eegene Liewe fest?

 

Wat ass Coaching?

Coaching ass eng Hëllefsstellung fir Leit déi sech op iergendeng Manéier an der Zwéckmillchen fillen. D’Grënn an d’Weeër do raus sinn esou verschidden wéi d’Leit selwer. Do gëtt et kee Richteg a kee Falsch, alles dierf sinn.

Vill Leit kennen dat, sech a sengen eegene Gedanken komplett ze verléieren. Dee Gedankenzirkus kann immens belaaschtend sinn. Oft dréinen déi Gedanken am Krees a féieren zu kenger konstruktiver Léisung.

De Coach bitt déi neutral Siicht vun baussen un, hëlleft Glawenssätz, festgefuere Gewunnechten an Usiichten ze beliichten fir aus dem Gedankenzirkus rauszekommen. Nei Usiichten ginn dobäi gewonne déi et hirersäits erlaben op nei Léisungen ze stoussen.

Donieft kënnen nach verstoppten Ressourcen opgedeckt ginn déi hëllefen Situatiounen zukünfteg besser ze meeschteren.

Am Coaching-Prozess ginn déi ganz eegen an individuell Zieler festgeluegt. Coaching ass keng Berodung mä hëlleft mat verschiddenen Methoden an Techniken ganz eegen Léisungen a Strategien ze fannen an déi laangfristeg ëmzesetzen. Dir bleift dobäi ëmmer Här a Meeschter vun Ären Decisiounen.

Wat heescht “Systemesch”?

Mir alleguer liewen an engem Zesummespill vun villen Systemer wou ee System deen aneren beaflosst. Ugeholl op der Aarbecht gëtt et e Konflikt. De Systemesche Coaching konzentréiert sech an deem Fall net nëmmen op de Beräich vun der Aarbecht, mä kuckt sech och all déi aner Systemer un an deenen de Client sech beweegt (Famill, Ursprongsfamill, Bezéihung, Wunnsituatioun, Frëndschaften, Schoul, ... ) well dee Konflikt vun der Arbecht och Auswirkungen op déi aner Systemer hutt an emgedréint.

Wat ass d’Ziel vum Coaching?

D’Ziel vum Coaching ass et, datt Dir gestäerkt gitt a weider kommt a Ärem Liewen:

  • Dir kënnt Decisiounen huelen an déi verbonnen Ängscht an Zweiwel opginn

  • Dir stitt zu Iech selwer

  • Dir gitt Iech kloer wou et am Liewen fir Iech soll weidergoen an gidd dat mat Freed a Motivatioun un

  • Mat Motivatioun an den Alldag starten ouni Iech ze vill Suergen mussen ze maachen

  • Konfliktsituatiounen kënn Dir méi liicht geréieren an Dir fillt Iech net méi esou hëlleflos

  • Dir fannt Léisungen nees Momenter fir Iech ze fannen an Energie ze tanken, Freed am Liewen zréckzefannen - ouni schlecht Gewëssen

  • Dir fannt Weeër Iech besser ze organiséieren

  • Dir sidd Iech Ärer Ressourcen/Kompetenzen bewosst a setzt déi gezielt an

  • Dir bleift oppen fir Ännerungen a geloosse bei Réckschléi

  • Dir sidd prett fir nei Dieren opzemaachen

  • ...

Ouni Äer Motivatioun an Ären Engagement geet et net

 

Viraussetzungen fir e Coaching

Ouni Motivatioun an Engagement vun Iech geet et net, wat heescht dat Dir bereet musst sinn, Iech op dee Prozess anzeloossen an gewëssen Ännerungen am Liewen zouzeloossen. Dir bleift am Coaching ëmmer an der Eegeverantwortung vun Ären Léisungen an der Ëmsetzung vun dese Léisungen.

Huelt Äert Liewen rëm selwer an d’Hand! Wann Dir Auto fuert loosst Dir och keen aneren lenken, op de Gas drécken oder bremsen. Genausou soll et och an Ärem Liewen sinn – Dir entscheet iwwer Ären Tempo, Är Limitten an Är Zieler.

Wéini ass de Coaching keng Optioun?

Wann psychesch Erkrankungen virleien dierf e Coach eng Persoun net coachen, et sief dann et leit e schrëftlechen Accord vun engem Psychiater oder Psycholog fir.

Wéi kënnt Dir lo virgoen?

Wann Dir net sécher sidd op Coaching eppes fir Iech ass, kontaktéiert mech einfach iwwer Telefon oder Email. Dir kënnt mir äert Uleies erklären an mir beschwätzen inwieweit Coaching an Ärer Situatioun sënnvoll ass.