Iwwer mech

Als beruffstäteg Fra, Partnerin, Mamm, Frëndin an Duechter weess ech, wéi usprochsvoll et ka sinn, all deene verschiddene Rollen am Alldag gerecht ze ginn. An enger Welt, déi ëmmer méi séier gëtt, verléiere mir dobäi heiansdo de Kontakt zu eis selwer.

Vläicht kenns du och dës Froen:

  • Wie sinn ech – ausser all deene Rollen, déi ech erfëllen?

  • Wat ass mir wierklech wichteg?

  • Wéi wëll ech mäi Liewen gestalten?

Ech weess aus eegener Erfarung, datt et Courage brauch, fir stoen ze bleiwen, no bannen ze kucken an nei Weeër anzeschloen. Mee ech weess och, wéi vill sech verännere kann, wann een dëse Schrëtt geet.

Meng eege Coaching-Rees huet mir gewisen, wéi wäertvoll et ass, eng Begleedung un der Säit ze hunn. Haut ass et mäin Häerzenswonsch, genee dëse Raum och fir aner Mënschen ze schafen – e Raum, an deem ee sech verstanen fillt, nei Perspektive gewënnt a säin eegene Wee erëmfënnt.

Als zertifizéiert systemesch Coach begleeden ech Mënschen a Phasen vu Verännerung, Stress, Erschöpfung oder Trauer – mat Empathie, Professionalitéit an engem ganzheetleche Bléck op de Mënsch.

Meng Qualifikatiounen

  • Zertifizéiert Systemesch Coach

  • Burnout Coach

  • Trauerbegleederin

  • Breathwork Coach

  • Konfliktcoach

Ech si fir dech do

Nicole Goetz
contact@coaching-nicolegoetz.lu
(+352) 621 665 737

7, route de Luxembourg
L-6130 Junglinster
Luxembourg

D’Entrée vum Bureau ass an der Rue Hiehl,
“An der Scheier”.

Wichteg! Verschidde Navigatiounssystemer féieren op eng aner Route de Luxembourg (z. B. op Gonnereng oder Buerglënster). Kontrolléier wannechgelift, datt als Destinatioun Jonglënster uginn ass.

Ëffnungszäiten

Méindes: 09:00 – 19:00 Auer

Dënschdes bis Freides: 09:00 – 17:00 Auer

Rendez-vous

Eng Sëtzung dauert an der Regel 90 Minutten.

Den éischte Rendez-vous fënnt meeschtens iwwer Zoom statt. Dobäi huele mir eis Zäit, fir eis kennenzeléieren an iwwer deng aktuell Situatioun ze schwätzen. Zesumme kucke mir, wéi ech dech am beschte kann op dengem Wee begleeden.

Sollt ech grad an engem Gespréich sinn, hannerlooss mir wannechgelift eng Noriicht um Repondeur. Ech mellen mech esou séier wéi méiglech bei dir zeréck.

Well et kee Waardezëmmer gëtt, bieden ech dech, pünktlech op däi Rendez-vous ze kommen. D'Zäite si sou geplangt, datt et normalerweis keng Waardezäite gëtt.

Bleif mat mir a Kontakt

Mat dëser Newsletter kriss du reegelméisseg Ablécker a meng Aarbecht an Inspiratioun ronderëm Coaching a Breathwork. Ech deelen mat dir déi nächst Datumer vu Gruppesëtzungen, Workshops an aneren Eventer, souwéi Impulser an Übungen, déi s du einfach an däin Alldag integréiere kanns.

D'Newsletter erschéngt an der Regel just eemol de Mount – kuerz, wäertvoll an ouni dech mat E-Maile ze iwwerschwemmen.